Dës Visite war kurzfristeg vum Präsident organiséiert gin a mir woren zu 15 Persounen. Guide wor den Här Pascal Nicolay vun der BnL. Seng Féierung durch de Musée wor ganz instruktiv a gewëssenhaft. D’Projektioun vum Bau vun enger neier Bibliothéik huet 2013 ugefangen. D’Gebäi erstreckt sich iwert eng Fläch vun 6000m2 mat 5 Stäck. Eng 100 Leit schaffen do.1,8 Mio Publikatiounen , Bicher a Wierker sin do stockéiert. Mir haten 1 1/2 Stonn Zäit fir d‘Visite. D’Komplexitéit ass grouss. De Feierschutz niewent dem Schutz virun Fiichtegkeet sin mat vun de wichtegsten Aspekter. Vill Plaaz ass do fir Lecture a Studien mat Koinferenzen a Seminaren.
Mir si mam Zuch vu Beetebuerg an de Paffendall gefuer, hun do de Funiculaire op de Kirchbierg an weider den Tram bis bei d’Bibliothéik geholl. Hie e puer Biller.
Weenst dem COVID-19 huet d’Bibliothéik den Dag duerno fir eng onbestëmmten Zäit zougemat. Mir haten also Chance.