Mat 28 Persounen si mer mam Bus op Useldeng gefuer, wou den Här Georges Majerus an d’Steffie Reichert eis duerch deen ale Kär duerch Useldeng gefouert hunn, wou mer ënnert anerem d’Kierch an den ale Prieuré erkläert kruten.
Nom Mëttegiessen am “Restaurant Wier” huet de Georges Majerus eis e ganz interessanten Abléck an d’Geschicht vun der Useldenger Buerg ginn.
Dësen Ausfluch gouf vum Toiny Graas organiséiert.