Mat Privatautoen hunn 18 Memberen vun de Beetebuerger Geschichtsfrënn sech
um 15.00 Auer um Parking vum CNA (Centre National de l’Audiovisuel) zu
Diddeleng getraff.
1. Visitt „Stëmme vun der Schmelz“ am Pomhouse, wou mer d’Geschicht vun
der Diddelenger Schmelz un Hand vun Exponaten an Temoignagen vun Zäitzeien
gesinn hunn.
2. Dono si mer mam Lift bis op d’Spëtz vum Waassertuerm gefuer, wou een
eng spektakulär Vue iwwer ganz Diddeleng huet. E Film weist den Opbau,
Schaffen an Ofrappen vun der Diddelenger Schmelz.
3. Um 17.00 Auer hate mer RDV mam Paul Lesch, Direkter vum CNA. Hien
huet eis iwwer 1 Stonn d’Aarbecht, Digitaliséieren an Archivéieren vu sengem
Service un Hand vun enger Power Point Show erklärt.
4. Als Ofschloss war en Iessen am Restaurant Amarcord virgesinn.