Mat 25 Persounen hu mir 2 Ausstellungen besicht, Thema wor: „Untergang des Römischen Reiches“
Muerjes um 9hr15 si mit zu Tréier ukomm a sinn dann direkt an de „Rheinisches Landesmuseum“ gaangen, Op 2 Platzen woren excellent Présentatiounen von dëser emoleger Entwecklung ausgestallt.
Duerno haate mer e Mëttegiesse am Restaurant „Zum Domstein“ op der Maartplaz.
Duerno si mer an den „Museum am Dom“ gaangen.
Géint 17hr30 si mer mam Bus zereck op Beetebuerg gefuer.
Dës Sortei wor vum Toiny Freis Graas a vum Edmond Fantini organiséiert gin. Eng ausgezeechent gudd Visite vun engem Evenement dat mat groussem a emoolegen Opwand zu Tréeir organiséiert gi wor. E Kompliment un déi ausgezeechent profund a fachlech exzellent Kommentaren vum Guide op der Plaaz.