Geschichtlechen Tour duerch Beetebuerg

(Text an Fotoen: Amis de l’Histoire et du Musée de la Ville d’Esch-sur-Alzette)

De Samschden, den 10. Mee 2025, hunn d’Escher Geschichtsfrënn op e kulturellen an historeschen Tour vun zwou Stonnen duerch Beetebuerg invitéiert.

Geféiert gouf den Tour vum Toiny Graas vun de Beetebuerger Geschichtsfrënn, déi d’Grupp mat vill Wëssen a Passioun duerch déi verschidde wichteg historesch Statiounen an der Uertschaft geleet huet. D’Visite war chronologesch opgebaut an huet mat engem kuerzen Iwwerbléck iwwer d’Präsenz vun de Réimer an der Regioun ugefaangen.

Dono goufen déi Beetebuerger Waasserbuergen, d’Collartschlass, den ale Kär vum Duerf, d’Klouschter, déi al Gemeng an d’Schoul besicht – alleguer Gebaier, déi entweder kommunal oder national als Patrimoine geschützt sinn. D’Diddelenger Baach huet dobäi eng zentral Roll am ganze Parcours gespillt a war ëmmer erëm als zentraalt Thema an de geschichtleche Kontext agebonnen.

Am Uschloss un d’Visite haten d’Participanten d’Méiglechkeet, den Owend gemittlech am Restaurant „Limoncello“ zu Beetebuerg auskléngen ze loossen.

Dësen Tour war eng flott Geleeënheet, fir Beetebuerg a seng räich Geschicht aus enger neier Perspektiv ze entdecken a sech mat anere Geschichtsintresséierten auszetauschen.

Foto: Ania Muller
683b2d94292f5

Foto: Ania Muller

Foto: Ania Muller

Weider Beiträg
Saarbrückener Schloss

Tagesausflug Saarbrücken am 3.5.2025

Sonderausstellung « Gladiatoren, Superstars mit Todesmut » 9h00 :   Abfahrt Bettemburg Kirche; 10h30-11h30:   Führung im Museum der Vor- und Frühgeschichte, Schlossberg Saarbrücken; 12h00-14h00:   Mittagessen

weiderliesen
Bonn-Postamt,Foto von Free Nomad auf Unsplash, Format:jpg

Tagesfahrt nach Bonn am 25.5.24

7h30: Abfahrt Bettemburg Kirche 11h00: Stadtführung zu Fuß (Römergründung, Barockresidenz, Beethoven Stadt) 12h45: Gemeinsames Mittagessen im Restaurant „Em Höttche“: Menü 1  Schollenfilet mit Salzkartoffeln, Zitronenkräutersoße, dazu

weiderliesen

Announce

New
arrival

2019 collection

Die Geschichtsfreunde aus der Gemeinde Bettemburg arbeiten zur Zeit aktiv an der Ausgabe „Beetebuerg am Laf vun der Zäit, Band IX“ (1)   und an der Publikatioun vun de „Chronique Familiale de la Commune de Bettembourg“ (2). Sollten Sie an diesen neuen Büchern interessiert sein senden Sie uns bitte eine Kurze Mail an geschichtsfrenn@beetebuerg.org mit dem Vermerk 1 oder 2 oder 1+2.